
Moien alleguer,
d'ass d'Mady Lellé, ech begréissen Iech häerzlech op menger Websäit!
No iwwer 20 Joer Beruffserfahrung an der Immobilieentwécklung, hunn ech décidéiert datt et Zäit wier mäi Wëssen a meng Fäegkeeten besser ze notzen andeems ech ML Real Estate gegrënnt hunn. Ech wëll begeeschtert Keefer, Verkeefer, an Hausbauer op hirer spannender a heiansdo och stresseger Rees begleeden fir hir Wënsch, Hoffnungen an Dreem kënnen ze realiséieren.
Hautdesdaags fokusséiere sech vill Firmen an der Industrie ze vill op hir Bottom Line op Käschte vun der Zefriddenheet vum Client. Ech soen nee dozou a bidden Iech d'Méiglechkeet fir eng aner Experienz. Mäin Zil ass et déi bescht méiglech Léisunge fir d'Problemer an d'Erausfuerderunge vu mengem Client ze bidden, andeems ech d'Wëssen an de Reseau, den ech iwwer d'Jore opgebaut hunn, mat enger suergfälteger an hëllefsbereeter Mentalitéit kombinéieren.

Meng Geschicht
Ech sinn zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess an hunn hei mäi Lycée mam Fokus op de Commerce an d'Administratioun opgeschloss. Firwat ass dat wichteg fir Iech kéint Dir froen? Op engem spezifesche Maart ze schaffen, stänneg iwwer seng Erausfuerderungen ze léieren an déi wichtegst Leit dovunner ze kënnen, bitt konkret Virdeeler vun deenen een nëmme profitéieren kann, wann een eng laang Zäit op der selwechter Plaz schafft. Trotzdem huet et e puer Joer gedauert bis ech meng grouss Passioun fir den Developpementsekteur fonnt hunn, awer eemol fonnt hunn ech ni méi zréck gekuckt.
Duerch konsequent Efforte konnt ech mir e Ruff opbauen a fir grouss Entwécklungsfirmen zu Lëtzebuerg schaffen, wéi Soludec, Secolux an CLE, wou ech d'Ins an Outs vum Maart léieren konnt. Dëst huet mir erlaabt d'Opportunitéiten an d'Risiken vum Maart wierklech ze internaliséieren a korrekt z'evaluéieren. Et huet mir och de Privileg ginn, mat de beschten Experten am Beräich ze schaffen an mech mat hinnen auszetauschen.
Wärend dëser Zäit hunn ech kontinuéierlech a meng Ausbildung investéiert mat dem Fokus op nohalteg Immobilieentwécklung fir sécherzestellen datt mir ëmmer an d'Zukunft kucken a gläichzäiteg bewosst d'Vergaangenheet am Kapp behalen.
Wat bréngt Iech dat?
Wann Dir esou wäit gelies hutt, Gratulatioun! Dir hutt Iech selwer bewisen datt Dir dëst Thema sérieux huelt. Dir frot Iech wahrscheinlech: "Ma, dat ass zimlech cool Mady, awer wéi hëlleft mir dat?"
Dat ass wou ML Real Estate eran kënnt! Dës Firma ass mam Ziel gegrënnt den Leit ze hëllefen:
-
Wann Dir op der Sich sidd en Haus ze kafen, braucht Dir wahrscheinlech e bëssen Hëllef fir eent ze fannen wat perfekt zu Iech passt. Och wëllt Dir sécher sinn datt de Präis fair ass an datt de Verkeefer näischt virun Iech verstoppt. Ech begleeden Iech op deser Rees an beäntweren Iech all Froen déi am Prozess kennen opkommen.
-
De Verkaf vun Äerer Immobilie musst Dir virbereeden, sou datt se fantastesch ausgesäit wann potenziell Keefer op eng Visitt kommen. Zudem musst Dir se vermaarten fir datt d'Leit se gesinn a wëssen datt se am Verkaf ass. Wann Dir dann e Keefer fonnt hutt, mussen och nach all d'Dokumenter korrekt ausgefëllt ginn. Dir braucht Iech dodriwwer keng Gedanken ze maachen, well ech dat meescht dovunner iwwerhuelen wäert. Wärenddems haalen ech Iech konstant um lafenden.
-
Dir wëllt en Haus oder sos en aner Projet bauen? Dat ass eng vun de spannendsten Reesen déi een am Beräich maachen kann, awer déi kënnt mat villen Variabelen, déi Dir net vergiesse sollt. Déi richteg Leit auszewielen mat deenen Dir schaffen wëllt, all d'Detailer erausfannen, wësse wat d'Deadline sinn, a nach méi. Dir gitt vun Ufank bis Enn vu mir guidéiert. Ech hëllefen Iech Äre Risiko ze minimiséieren an referenzéieren Iech un d'Experten aus mengem Ëmfeld mat denen ech selwer schon zesummen geschafft hunn.