

Beschreiwung
ML Real Estate freet sech Iech dës Eefamilljenhaus aus dem Joer 1950 virzestellen.
D'Haus läit an der Gemeng Esch, an enger roueger Strooss no bei engem Bësch. Perfekt fir déi, déi d'Natur gären hunn.
Mat enger Wunnfläch vun ongeféier 130 m² bitt dëst Haus eng gutt duerchduechte Raumopdeelung. Déi oppe Kichen a Wunnzëmmer mat Kamäin schafen eng gemittlech Atmosphär, ideal fir geselleg Owender oder entspaant Momenter mat der Famill.
Um éischte Stack fannt Dir zwou Schlofkummeren an e Buedzëmmer. Den zweete Stack/Daachgeschoss bitt zwou weider Schlofkummeren, déi och als Gäschtzëmmer, Büro oder Hobbyraum genotzt kënne ginn.
D'Haus gëtt mat Gas gehëtzt.
Den Outdoor Bereich bitt e schéine Gaart, deen op zwee Niveauen verdeelt ass. D'Terrass, déi direkt vun der Kichen zougänglech ass, huet vill Potenzial fir Owes ze grillen oder entspaant Momenter am Fräien.
Allerdéngs brauch de Gaart an d'Terrass eng Renovatioun a néi Uleeung, daat kenn Dir an Ären eege Virstellungen ëmsetzen.
Ee grousse Virdeel vun dëser Immobilie ass hir exzellent Lag: Bannent 5 bis 10 Minutten zu Fouss erreecht Dir souwuel d'Gare wéi och den Zentrum vun Esch. Hei fannt Dir Supermarchéen, Apdikten, Bäckereien a vill aner Geschäfter fir Är deeglech Besoinen. En Auto ass hei bal iwwerflësseg.
Energie Klassifikatioun: I
W.e.g. beuecht datt d'Haus renovéierungsbedürfteg ass, wat Iech awer d'Méiglechkeet gëtt, et no Äre perséinleche Wënsch an Iddien ze gestalten.
Wann dëst Haus Ären Interessi erwäscht huet, zéckt net, mech unzeruffen oder de Kontaktformular auszefëllen, fir datt ech Iech weider Informatiounen oder en Rendez-vous ob der Plaatz ubidde kann.
Kontakt vum Agent
Mady Lellé
+352 621 633 299
Detailer
Typ vun Immobilie
Schlofkummeren
Buedzëmmer
Haus
4
1
Gréisst
~ 130m2
Etagen
3
Gebaut
1950
Wou Dir dës Immobilie fannt:
109 Rue Burgronn, Esch-sur-Alzette, Luxembourg